Vun e Freideg un ass d'App TikTok am Pakistan gespaart. D'App kënnt op d'Lëscht vun Appen, déi a Pakistan gespaart sinn, sou wéi och Tinder a Grindr.

D'PTA (Pakistan Telecommunication Agency) hat virdrun 2 Warnungen erausginn, fir dass d'App onmoraleschen a vulgären Inhalt läscht. Well d'App dat net gemaach hätt, gouf dës elo gespaart, sou d'Autoritéiten.

Ee vun de Grënn wier d'Sexualiséiere vu jonke Meedercher, wat an dem streng islamistesche Land net gedult géing ginn, sou d'Autoritéiten.

D'PTA huet ënnert anerem uginn, dass am Fall wou d'App ee Mechanismus géing aféieren, fir den Inhalt ze filtréieren an esou obszön an onmoralesch Videoe vermeide géing, da kéint d'Decisioun och réckgängeg gemaach ginn.