DAB steet fir "digital audio broadcast", digitale Radio. Eng Iwwerdroungstechnik, déi an Zukunft iergendwéi dee gudden alen UKW oder FM kéint ersetzen.

Zanter ugangs Oktober leeft hei zu Lëtzebuerg eng DAB-Testphas mat den Haaptsenderen. Firwat brauch een DAB+? E klengen Historique: Am Ufank huet ee vir d'éischt emol vill Geld gebraucht, fir Radio ze maachen. Fir riseg Antennen. A vill Stroum fir de Sender. Well dat schwéier war, goufen et wéineg Sender. A Frequenze ware kee Problem. Haut ass dat anescht.

D'Léisung vun deem Problem heescht DABplus. Nëmme méi eng Frequenz fir jiddereen, wou net mi analog, mee digital gesent gëtt.

D'Technologie gëtt et schonn e Véierelsjoerhonnert. Mee et ass d'Geschicht vum Hong a vum Ee. DAB+ brauch e speziellen Empfänger. A soulaang et der net genuch gëtt, mécht et kee Sënn, sou ze senden. Bis elo.

Offiziell lafen DAB-Plus-Tester emol bis Enn Dezember, da soll e Bilan gezu ginn. Ob a wéi et weider geet? Eent ass awer sécher: Et gëtt weider wéi gewinnt op UKW gesent.