En Dënschdeg den Owend um 19 Auer huet Apple hiert neiste Flaggschëff am Beräich mobil Kommunikatioun presentéiert.

Wéinst der Pandemie gouf d'Presentatioun vum neien iPhone net wéi üblech am September, mä elo am Oktober ofgehalen.

Ugefaangen huet den Tim Cook mat dem Apple HomePod Mini, dat mat Siri an eegenen Aussoen no engem excellente Sound.

Direkt dono gouf dunn den neien iPhone virgestallt, deen, wéi erwaart, den Numm "iPhone 12" kritt. "5G just got real" huet et geheescht. Et ass den éischten Handy vun Apple, deen effektiv d'5G-Technik kritt. Donieft soll den Handy de séiersten Chip hunn, dee bis ewell an e Smartphone verbaut gouf: den A14-Bionic Chip. Den Chip soll den Niveau hunn, datt een um Handy Spiller ka spillen, wéi op enger Konsol, esou emol d'Ausso vun Apple. Tester mussen dëst awer nach beweisen.

Den iPhone 12 gëtt et awer net just an enger normaler Versioun, ma och gouf en an enger "Mini"-, enger "Max" an enger "Pro Max"-Versioun presentéiert.

Nieft de Versioune vum iPhone gouf awer och en neit Gerät, fir ze luede virgestallt. Ëmmerhi kann ee mat dësem den iPhone an d'Apple Watch gläichzäiteg oplueden.

Vum Design hier geet ee bei Apple "back to basics". Den iPhone 12 ass nees méi eckeg, awer mat engem OLED-Display. / © Screenshot Youtube Apple