Op der Internationaler Raumstatioun ass de russesche System, fir d'Besatzung mat Sauerstoff ze versuergen, ausgefall.

Wéi e Roskosmos-Spriecher en Donneschdeg betount huet, géing awer keng Gefor fir d'Crew bestoen, de Sauerstoff-System am US-Segment géing weiderhin normal funktionéieren. Den Ament gëtt de Problem behuewen.

Den zoustännege russeschen Autoritéiten no wier wieren d'Komplikatiounen e Mëttwoch den Owend um 22.31 Auer MESZ opgetrueden. De selwechten Dag sinn 3 Persoune mat enger Sojus-Kapsel un d'ISS ugedockt. Domat befanne sech elo am ganze 6 Persounen op der Internationaler Raumstatioun.

Dëst ass net den éischte Sauerstoff-Problem dëst Joer. Am Abrëll gouf nämlech e Leck festgestallt. Am Gespréich mat der Noriichtenagence Ria-Nowosti huet de Weltraum-Veteran Gennadi Padalka gesot, dass d'Ausrëschtung vun der ISS iwwerlieft wier. U sech war se just fir en Zäitraum vu 15 Joer geduecht. De Kosmonaut Gennadi Padalka huet bis ewell déi meeschten Deeg am All verbruecht.