Leschten Donneschdeg war déi offiziell Ouverture vum éischten VR-Park hei zu Lëtzebuerg um Belval.

Virtual Reality, also dräidimensional, wou een an der virtueller Welt verschidde Spiller awer och educativ Plazen erliewe kann, wou ee bal mengt  et wier ee richteg do.

De Riad, gebierteg aus Syrien, huet sech hei zu Lëtzebuerg säin Dram erfëllt mat der Ouverture vum Park. Ech sinn erstaunt, dass een hei net nëmme Baller-Spiller respektiv nëmmen futuristesch Welten ugebueden ginn, nee dat geet nach e Schratt méi wäit, dat Edukatiivt ass net ze kuerz komm.

Ech kann et kaum erwaarden a sichen mer mol direkt dat eraus, wat fir mech am spektakuläersten ausgesäit.  Ustrécken ass hei Prioritéit, Ech muss awer zouginn , dass ech perséinlech kee “Gamer “sinn , an dass ech virun allem Spiller, wou een anerer ofschéisse muss, net gären hunn, an awer ass hei meng Aufgab Fligeren ofzeschéissen, wien hei Matgefill huet, sëtzt am falsche Fliger.

Niewent de Solo-Erliefnesser, kann een awer och hei an engem Käfeg am VR Team géint Zombië kämpfen.

Ech probéieren alles,  wat een hei un Apparater fënnt, et ass faszinant wéi wäit onst Gehier getäuscht gëtt.

Déi virtuell Welt  ass eng Welt fir sech , wann et engem net schlecht gëtt, kann een schonn an de Genoss kommen, ech  muss awer och zouginn , dass 3D mech schonn vu Kand u faszinéiert huet an dass et net déi éischte Kéier ass, wou ech esou e Brëll un hat.

Och Kanner kënnen hei am VR-Eck déi virtuell Welt entdecken an dat och mat edukative Spiller, ma e Stack méi héich soll a knapps enger Woch och nach e 7D Kino funktionéieren.