Mat den RTL-Widgets kritt Dir d'Breaking News automatesch aktualiséiert, soubal nei Artikele publizéiert ginn.

RTL.lu, RTL 5minutes.lu (op Franséisch) an RTL Today (op Englesch) hu vun elo un hir eege Widgets fir iOS 14. Mat dësen neie Widgets gesitt Dir op ee Bléck all d’Aktualitéite vun Ären RTL-Appen.

Wisou ass déi Funktioun praktesch?

De Virdeel vun engem Widget ass et, déi meescht benotzte Funktiounen/Apps – wéi zum Beispill Är RTL-Appen - direkt op Ärem Homescreen ze hunn, ouni dass Dir dofir d’App musst opmaachen. Gesitt dës Funktioun einfach wéi eng Telecommande fir Är RTL-Appen.

RTL-Widgets fir Ären Homescreen

  • Haalt op Ärem Homescreen ee Widget oder en eidele Beräich gedréckt, bis dass d’Appen ufänke mat Wackelen.
  • Dréckt uewe lénks op "Add button > +"
  • Wielt den RTL-Widget aus, dono kënnt Dir tëscht dräi Widgetgréisste wielen. Dréckt dann op "Add Widget".
  • Dréckt op "Done".

Wann Dir d’RTL-Widgets bis op Ärem Homescreen installéiert hutt (um iPhone an/oder um iPad mat iOS 14 oder enger spéiderer Versioun), gesitt Dir all d’RTL-Informatioune soubal en Artikel publizéiert gëtt. Vun elo u kënnt Dir also all Är Informatioune mat just engem Klick kucken.