No der erfollegräicher Moundlandung huet déi chineesesch Sonde "Chang'e-5" mam Asammele vu Buedemprouwen ugefaangen.

Wéi déi National Raumfaart-Autoritéit a China (CNSA) matgedeelt huet, huet d'Sonde virdrun nach Buerungen un der Mounduewerfläch gemaach. Vun de Gestengsprouwen, déi an den nächsten Deeg agesammelt ginn, erhoffe sech d'Fuerscher Informatiounen iwwert d'Entstehung vum Mound a méiglech vulkanesch Aktivitéiten.

D'Buerunge waren och an engem Video ze gesinn, dat déi staatlech Tëleeschaîne publizéiert huet.

Engem Bericht vum Fachmagasinn "Nature" no soll d'Sonde ronn zwee Kilogramm Gestengs- a Buedemprouwen aus enger bis ewell onerfuerschter Moundregioun zeréck op d'Äerd bréngen. Do wëlle chineesesch Wëssenschaftler dann Deeler vun der Mounduewerfläch mat Hëllef vu Biller vun der Sonde nobauen.

D'Sonde "Chang'e-5" war e Mëttwoch erfollegräich um Mound gelant a wäert fir ronn zwou Wochen elo do bleiwen.