10 US-Bundesstaaten geheie Google a Facebook vir, géint Antitrust-Reegelen (Konkurrenz-Reegelen) ze verstoussen.

Déi zwee US-Internet Giganten si sech laut Wall Street Journal Eens ginn, fir ze kooperéieren an een deen aneren z'ënnerstëtzen, falls eng Enquête géing gemaach ginn, iwwert hire Pakt am Beräich vun der Online Publicitéit.

10 US-Bundesstaaten geheie Google a Facebook vir, géint Antitrust-Reegelen (Konkurrenz-Reegelen) ze verstoussen, andeems se hir schonn dominant Positioun op illegal Aart a Weis weider wëlle stäerken. Vu Säite vu Google heescht et, et wier gewéinlech, datt Firme sech zesummendinn, fir sech ze wieren. Facebook wollt nach net kommentéieren.

Google a Facebook sinn aktuell am Viséier vun enger Rei Enquêten, wéinst Abus vun dominanter Positioun op de Marchéen.