An Zukunft muss den Nach-US-President op säin Haaptkommunikatiounsmedium verzichten, well Twitter den Account vum Donald Trump gespaart huet.

Twitter huet de perséinleche Kont vum US-President Donald Trump permanent gespaart. Säin Account war scho fir 12 Stonne gespaart ginn, nodeems seng Unhänger e Mëttwoch den Owend d'Kapitol gestiermt haten. Kritiker reprochéieren dem Trump, d'Leit zu Gewalt incitéiert ze hunn. Och seng Facebook- an Instragram-Säite goufe gespaart an zwar bis op d'mannst den Enn vu sengem Amtszäit a knapp 2 Wochen.

Twitter huet de Schratt mat de schreckleche Biller aus dëser Woch begrënnt. Den Account vum Donald Trump géif géint d'Richtlinne vun Twitter verstoussen, dowéinst wier de User @realDonaldTrump dauerhaft gespaart. Den US-President selwer huet och reagéiert an der Plattform virgeworf, d'Meenungsfräiheet ëmmer méi anzeschränken. Änlech Téin koumen och vum Bouf vum Donald Trump, deen bemängelt, datt Diktatoren dierfen Twitter hunn, de President vun den USA awer net.

Net betraff vun dëser Mesure ass awer den offiziellen Account vum US-President, deen huet den Donald Trump awer rezent wéineg bis guer net benotzt. Ma no der Annonce huet hien du getweet: "Haut den Owend hu sech d'Mataarbechter vun Twitter mat den Demokraten an de radikale Lénke verbonnen, fir mäin Account vun hirer Plattform ze kréien, fir mech an iech 75 Milliounen groussaarteg Patrioten, déi mech gewielt hunn, roueg ze kréien." Dee Post war awer no kuerzer Zäit nees geläscht, datt awer net vun Twitter.

© AFP