Et ass eng weider Reaktioun vum Sozial-Media-Gigant op d'Attack op d'Kapitol zu Washington.

Nom Späre vum Compte vum President Trump, huet Twitter elo iwwer 70.000 Konte vun der QAnon-Beweegung geläscht.
Dës Trump-Supporter sinn op Conspiratiouns-Theorien spezialiséiert. Si behaapten ënnert anerem, den Donald Trump wier an engem geheime Krich géint e weltwäiten lénksliberale Kult vu pedophille Satanisten.