Den aktuellen Update géif op kee Fall Message un d'Famill un d'Frënn beaflossen, wat den Dateschutz ugeet, heescht et vun der Firma.

Kritik gouf et u WhatsApp, well ee bestëmmten Donnéeën un d'Mammefirma Facebook weidergëtt, an d'User sech domadder mussen averstane weisen. Dës Ännerungen hat als Suitte, datt vill Notzer vum System bei d'Konkurrenz vun Telegram oder Signal gewiesselt sinn.

Op hirer Homepage huet WhatsApp elo uginn, datt si sech mat verschiddene Gerüchter géifen ausernee setzen. Esou ass et eegenen Aussoen no weder WhatsApp nach Facebook méiglech, fir privat Noriichte matzeliesen respektiv privat Telefonater matzelauschteren.

An den neien AGBe wiere haaptsächlech Entreprisen an Händler viséiert, déi iwwert de Messenger mat hire Clientë kommunizéieren. Déi Date gi genotzt, fir gezielt Reklammen ze positionéieren. User, déi den Ännerunge bis den 8. Februar net zoustëmmen, kënne WhatsApp net méi notzen.

Dës Bestëmmunge gëllen awer aktuell net fir d'EU a Groussbritannien, wou een Ännerunge just fir Verbesserunge vun de Konte vun Entreprise gemaach huet, heescht et vu WhatsApp.

Telegram ass dann de grousse Gewënner vun der aktueller Situatioun, well si an de leschten 72 Stonnen 25 Milliounen nei User dozougewonnen hunn. D'Plattform vum russesche Grënner huet aktuell eng 500 Millioune User, WhatsApp huet der weltwäit bal 2 Milliarden. Well Telegram sech iwwerall weigert, fir mat den Autoritéiten ze kooperéieren an och den Inhalt net zenséieren oder op Fake News opmierksam maachen, ass dës App ënner anerem a Russland verbueden.