De Streamingubidder Netflix gëtt méi deier, op d'mannst fir en Deel vu senge Clienten an Däitschland. Klammen d'Präisser och geschwënn hei am Land?

De Basis-Präis an Däitschland bleift bei 7,99 Euro de Mount, de Präis vum Standard (HD-Qualitéit + plus Ëmfang op 2 Apparater) läit an Zukunft awer bei 12,99 Euro a fir d'Premium-Offer (Ultra HD, HDR an Dolby-Atmos-Qualitéit + Ëmfang op 4 Apparater) muss een elo 17,99 Euro bezuelen.

Fir d'lescht ass de Präis am Abrëll 2019 an d'Luucht gaangen, do gouf et d'Basis fir 7,99, Standard fir 11,99 a Premium fir 15,99 Euro. Netflix argumentéiert hir Präishausse mat de Käschte fir d'Eegeproduktioun, déi geklomme wieren.

Nei Cliente kréien déi nei Tariffer direkt ugebueden, déi méi deier Präisser fir aktuell Clienten ginn am Laf vun den nächste Méint agefouert. Betraffe Persoune ginn op d'mannst 30 Deeg virun der Ännerung informéiert.