D’EU-Kommissiounspresidentin huet d’USA invitéiert, fir zesummen international Regulatioune fir déi digital Ekonomie z'entwéckelen.

24 Joer nodeems et Google gëtt a 16 Joer, wou et Facebook gëtt, huet d’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen d’USA invitéiert, fir zesummen mat der europäescher Unioun international Regulatiounen fir d’Big Tech-Firmen auszeschaffen.

Si sot an enger digitaler Usprooch um Welt-Wirtschaftsforum, si wéilt zesumme mam Joe Biden een Reegel-Handbuch zur digitaler Ekonomie zesummefaassen, wou ënnert anerem den Dateschutz, d’Privatsphär an d’Sécherheet vu kritescher Infrastruktur gereegelt géing ginn.

"Produzente vu Corona-Impfstoffer musse liwweren"

Europa huet "Milliarden investéiert, fir d'Entwécklung vu weltwäit éischte Covid-19-Vaccinen z'ënnerstëtzen", sou d'von der Leyen iwwerdeems an hirer digitaler Ried. "An elo mussen d'Firmae liwweren, si mussen hir Verflichtungen anhalen."