Wéi en Dënschdeg den Owend bekannt gouf, gëtt de Multimilliardär Jeff Bezos d'Leedung vum Onlinehandel Amazon of.

De Grënner vun Amazon Jeff Bezos wäert am Laf vum Joer, wuel am drëtte Quartal, säi Posten als C.E.O. vum Onlinehandel ofginn. Hie wäert awer als President vum Exekutivcomité am Betrib bleiwen. D'Leedung soll US-Medien no den Andy Jassy iwwerhuelen, deen aktuell un der Spëtzt vum Cloud Business vun Amazon ass.

Schonn an de leschte Joren huet de Multimilliardär sech ëmmer méi aus dem Dagesgeschäft vun Amazon zeréckgezunn. D'Pandemie huet hien awer nees méi op de Plang geruff gehat, an där Zäit huet Amazon op de Bourse e Plus vun 69 Prozent konnte verbuchen.