Déi däitsch Museksgrupp "Die Fantastischen Vier" hunn eng Corona-App mat entwéckelt.

Och fir Lëtzebuerg wier dëst eng Méiglechkeet fir méi Fräiheeten, esou de Museker Smudo.

"Die Fantastischen Vier" sinn eng vun den erfollegräichsten däitsche Museksgruppen. Bei Ausbroch vun der Pandemie wollt een eng digital Léisung fannen, fir Concerten nees z'erméiglechen. An Zesummenaarbecht mat der Start-up Nexenio huet een d'App Luca entwéckelt. Luca ass eng vu ville Corona-Apps, déi hëllefe soll, Infektiounskette fréi z'ënnerbriechen. Trefft ee sech mat Frënn, Famill, am Büro oder iergendwann nees am Restaurant, mécht een e sougenannten "Check-in". D'Retracéiere vun de Kontakter soll esou méi einfach ginn.

D'App gouf e Méindeg bei enger Konferenz vun allen däitsche Gesondheetsministere presentéiert. Verschidde Bundeslänner wëllen de System asetzen. Kontakter mat Lëtzebuerg hat een nach keng. Fir den däitsche Rapper wier esou eng App grad an engem klenge Land wéi Lëtzebuerg einfach ëmzesetzen.

Iwwer Sënn an Zweck gouf vun esou Applikatiounen och zu Lëtzebuerg scho méi wéi eng Kéier diskutéiert. De Konsens an der Fuerschung ass grouss. Fir den Dr Paul Wilmes, Spriecher vun der Covid-19-Task-Force, wier eng App an der Theorie eppes, wat de Leit nees méi Fräiheete géif erlaben. Lëtzebuerg hätt duerch seng héich Testkapazitéite vum Large Scale Testing ee weideren Avantage. Eng App an d'Teste kéinten aneneen agräifen.