Grad an Zäite vun Digitaliséierung bitt dës Plattform de Futtballfrënn en Doheem, fir hir Leidenschaft ze deelen, heescht et en Donneschdeg vun der UEFA.

Kuerz virum Turnéier wäert d'UEFA en offiziellen TikTok-Account grënnen, wou si mat Millioune vu Fans wëllen exklusiv Inhalter deelen an hinnen e Bléck hannert d'Kulisse vun der EM ginn. Och Archivmaterial soll geleeëntlech gepost ginn, fir d'User z'ënnerhalen.

Vum 11. Juni bis den 11. Juli wäerte Futtballnationalekippen nees ëm den Titel vum Europameeschter spillen. Wéinst der Corona-Pandemie huet d'EM missen ëm 1 Joer no hanne verréckelt ginn.

TikTok ass eng vun den Appen, déi weltwäit am meeschten erofgeluede gëtt. Se ass an iwwer 150 Länner a 75 Sproochen accessibel.