Facebook reagéiert op e Mediegesetz, dat dës Woch am Parlament soll gestëmmt ginn.

Dëst gesäit vir, dass Internet-Konzerner wéi Facebook Lizenz-Fraise fir Contenue vu Medien op hire Säite musse bezuelen.

Den US-Konzern Facebook huet dowéinst ënnert anerem Messagë vu staatlechen Internetsäiten, genee wéi Wieder- a Katastrophewarnunge blockéiert. Kritik un där Aktioun kënnt nieft dem australesche Finanzminister och vun der Mënscherechtsorganisatioun „Human Rights Watch". Et wier skrupellos, den Zougang zu méiglecherweis liewenswichtegen Informatiounen ofzeschneiden.