En neit Gesetz gesäit vir, dass Internet-Konzerner wéi Facebook Lizenz-Fraise fir Inhalter vu Medien op hire Säite musse bezuelen.

Dem US-Onlinekonzern vum Mark Zuckerberg huet dat awer guer net gefall an huet dunn als Reaktioun Artikelen um australesche Facebook einfach blockéiert.

D'australesch Regierung a Facebook wieren elo zu engem Kompromëss komm. Engersäits musse Facebook an aner Onlineplattforme keng Strofe bezuelen, soulaang se puer Accorde mat lokale Medie fannen. Anerersäits kréien d'Internetplattformen 2 Méint méi Zäit, fir esou Accorden ze fannen. Google hat sengersäits schonn en Accord mat Newscorp vum Mediemogul Rupert Murdoch fonnt.

Aner Staaten, och an der Europäescher Unioun, versichen zanter enger Zäit, d'Plattformen dozou ze kréien, fir en Deel vun den Inhalter ze bezuelen.