Ënnert dem Stréch géingen déi onofhängeg Journalisten an de kritesche Journalismus an der Affär verléieren. an „Dir alleguer“, sou "thejuicemedia".

Hannergrond ass e Bras-de-Fer tëscht Australien an den Tech-Giganten, wou et drëm gaangen ass, datt d'Onlineplattformen d’Medie sollen fir hir Inhalter bezuelen. Sou huet Google zum Beispill en Deal fonnt mat Newscorp, e Mediengrupp vum Mediemogul Ruppert Murdoch.

De satireschen Onlinemedium „thejuicemedia“ huet elo e Video produzéiert, an deem d’australesch Regierung parodéiert gëtt: „Facebook ass ze mächteg ginn, bezilt keng Steieren an ënnerstëtzt fake news“ also muss de Pouvoir bei deem anere Milliardär Ruppert Murdoch bleiwen, deen och ze mächteg ass, keng Steiere bezilt a Fake News ënnerstëtzt.

Ënnert dem Stréch géingen déi onofhängeg Journalisten an de kritesche Journalismus an der Affär verléieren. an „Dir alleguer“, sou de satireschen Onlinemedium.