Enn Januar hat Amazon en neien Icon fir hir Shopping-App presentéiert. De Weenche sollt ofgeléist ginn. No engem ongléckleche Verglach gouf nogebessert.

Wie sech un de Weenchen an der Amazon-App gewinnt hat, huet sech sécher am Ufank e bësse schwéier gedoen. Allerdéngs gouf et bei der éischter Versioun vum neien Icon ee klengen Hoken, oder besser gesot e puer Zacken ze vill.

Verschidden Notzer waren net duerch déi nei Icon u sech irritéiert, mä duerch e klengen Detail: dee blo gezackte Beräich iwwert dem Amazon-Symbol. Munch een huet dat mam Adolf Hitler, respektiv mat sengem Schnurres associéiert.

Net just op de soziale Reseauen gouf dëst thematiséiert, ma och an de Medien. Doriwwer dierft Amazon wuel manner ameséiert gewiescht sinn. Zemools no der Iwwerschrëft op der Internetsäit vun der brittescher Boulevardzeitung "The Sun". D'Zeitung hat den Titel "You can't nazi it!" benotzt an domat op den Amazon-Sproch "You can't unsee it" ugespillt.

Wéini genee d'App iwwerschafft gouf, ass onkloer. Op eemol war dee bloe Beräich net méi gezackt, mä just nach een Eck ëmgediebelt.

Sarkastesch Reaktioune sinn net ausbliwwen.

Amazon huet den neie Look net onkommentéiert gelooss, Erklärunge koumen allerdéngs keng:

"Mir hunn dat neit Symbol entworf, fir Virfreed, Opreegung a Freed z'erwecken, wa Clienten hir Akafsrees op hirem Telefon ufänken, genee wéi si dat maachen, wa si eis Këschte virun der Hausdier gesinn."