Vun e Mëttwoch u wäert den Onlinedéngscht a Russland méi lues funktionéieren, dat huet d'Medienopsiicht aus dem Land annoncéiert.

D'Zil wier et, d'Leit am Land ze schützen an Twitter dozou ze zwéngen, déi russesch Gesetzer anzehalen.  An de leschte Méint gouf et ëmmer nees Kritik vun de russeschen Autoriétiten un den US-Déngschter Twitter, Facebook a Youtube, well dës Opriff zur Ënnerstëtzung vum Alexej Nawalny, deen am Prisong sëtzt, publizéiert hunn. Et gouf och scho Geldstrofe fir d'Mediegiganten, eng Kéier an Héicht vun 8.700 an eng Kéier an Héicht vun 43.600 Euro.

Russland huet no dësem Schratt och annoncéiert, datt sollt Twitter weider géint d'Gesetzer verstoussen, datt een den Onlinedéngscht géif spären. Politiker hunn och schonn annoncéiert, datt Facebook den nächste Kandidat fir méiglech Restriktioune wier.