E Mëttwoch de Moie koum et zu engem Brand an engem Rechenzentrum vum Cloud-Hoster OVH, dee komplett zerstéiert gouf.

Wuel waren d'Pompjeeën op der Plaz, ma et hätt een d'Feier net ënner Kontroll kritt an esou och d'Serveren net kéinte retten. Vill Déngschter, dorënner Luxauto.lu an och de Site vun der Lëtzebuerger Basketfederatioun, déi iwwert dës Servere lafen, sinn zanterhier guer net oder net gutt z'erreechen.

OVH ass ee vun de gréisste Cloud-Hoster an Internetdéngschtleeschter an Europa a bedreift 31 Rechenzenteren weltwäit, wouvun elo nom Feier der véier net kënnen opgeruff ginn. De Rechenzenter SBG2 zu Stroossbuerg gouf komplett zerstéiert, den SBG1 ass beschiedegt an de SBG3 a SBG4 goufe vum Netz geholl. D'Zenteren G1, G3 a G4 ginn aktuell kontrolléiert a sollen esou séier wéi méiglech nees opgeschalt ginn.

Och aner Sitten am Frankräich waren um Mëttwoch net online, zum Beispill dee vum Centre Pompidou. OVH gëtt vun 3,2 Prozent vu franséischen Internetsitte gebraucht.