Net just an den USA, mee weltwäit ass et mëttlerweil Usus, den Netflix-Konto vu Kolleege mat ze benotzen.

Well dem Streamingdéngscht op dës Manéier awer en décke Batz Suen entgeet, test Netflix den Ament eng nei Strategie, fir dem "Schnorren" en Enn ze setzen. An de soziale Medien hunn e Freideg vill User sech doriwwer opgereegt, dass si den Zougang zu der Plattform refuséiert kruten an e spezielle Code hu missen aginn. Dëse Code krut de Kontobesëtzer per SMS geschéckt. Esou wëll Netflix préiwen, ob alleguerten d'Leit, déi vum Account profitéieren, tatsächlech alleguerten ënnert engem Daach wunnen.

Ass de Login net gelongen, goufen d'Notzer opgeruff, sech en eegenen Abo zouzeleeën, fir weider kënne Filmer a Serien ze kucken. An deem Kader gouf hinnen e gratis Testabonement vun 30 Deeg proposéiert.

Et ass allerdéngs onkloer, ob Netflix an Zukunft nach méi haart Mesuren envisagéiert, wann d'User Passwierder u Frënn a Bekannte weiderginn.

Enger Magid-Ëmfro no gi ronn een Drëttel vun den Abonnenten hir Passwierder u Persounen aus anere Stéit weider. Eng Praxis, déi dem Streaming-Ris scho laang bekannt ass an och nach ëmmer vun Netflix toleréiert gëtt.