Aktuell ass awer nach net bekannt, op wéi enge Standuerter d'Traditiounsmark Leit wäert entloossen.

Mat der Restrukturéierung wëll ee bis Enn 2023 d'Käschten dauerhaft ëm 600 Milliounen Euro erofsetzen. Vun den 90.000 Leit, déi aktuell fir d'Firma schaffen, sollen der dann nach 80.000 bis maximal 85.000 iwwereg bleiwen. Déi genau Unzuel hänkt vum Ëmsaz of, deen Nokia déi nächst 2 Joer wäert maachen. An de leschte Joren hat Nokia ëmmer nees Leit entlooss. Bei der franséischer Duechterentreprise Alcatel-Lucent hat een 2020 een Drëttel vun de Plazen ofgebaut.

Bei de Finne setzt een all d'Hoffnung aktuell op de 5G. Dowéinst sollen och méi Suen an d'Fuerschung an d'Entwécklung vum 5G fléissen, fir esou mat de Konkurrenten matzehalen.