Nodeems de fréieren US-President vun Twitter blockéiert gouf, huet e Social-Media-Ersatz missen hier.

Wéinst dem Risiko, Leit zu weidere Gewaltdoten unzestëften, gouf den Trump op Liewenszäit vun Twitter gespaart. 88 Millioune Follower hat den Ex-President zum Schluss vu senger Amtszäit.

"Wie vun der Plattform (Twitter) blockéiert gëtt, gëtt vun der Plattform blockéiert - egal, ob een e Kommentator, e Finanzchef oder e fréieren oder amtéierende Staatsdénger ass", huet de Finanzchef Ned Segal am Fernseeinterview mat CNBB ënnerstrach.

Dowéinst gouf no enger Alternativ gesicht. Ufank Januar hat den Donald Trump mam Gedanke gespillt, eng eege Plattform an d'Liewen ze ruffen a seng Meenung do ëffentlech kënne matzedeelen. Wéi et schéngt, géing de Lancement vum Twitter-Ersatz ëmmer méi no récken. Vu sengem Vertrauten Jason Miller heescht et, dass een an 2 bis 3 Méint domat rechne kéint. Et gëtt sech erwaart, dass e "puer Dose Millioune Mënschen" sech do umelle wäerten, fir dem Trump ze "followen". Méi Detailer sinn den Ament awer nach net gewosst.

Nieft Twitter haten och d'Online-Déngschter Facebook, Instagram a Youtube den Trump als Reaktioun op de 6. Januar gespaart.