2006 hat den Twitter-Chef eng éischte Kéier eppes op der Plattform geschriwwen. Dës Noriicht koum elo ënnert den Hummer.

"Ech riichte grad mäin Twttr an", war den éischten Tweet, deen op dem Dorsey sengem Profil ze liese war. U sech keen aussergewéinleche Message... An awer soll dësen elo e schéine Batz Geld erabréngen.

Fir 2,9 Milliounen Dollar, ëmgerechent 2,45 Milliounen Euro, gouf säin Tweet op der Plattform Valuables ugebueden. En neie Besëtzer huet en och scho fonnt: Dem Gerant vum Startup "Bridge Oracle" gehéiert vun elo un den éischten Tweet vum Twitter-Chef héchstperséinlech.

Wat den Dorsey mat deene bal 3 Milliounen Dollar wëlles huet? Den Erléis soll un aarm Mënschen am Oste vun Afrika gespent ginn. An e puer Joer wäerten d'Leit de richtege Wäert vun dësem Tweet erkennen, wéi d'Bild vum Mona Lisa, huet hie betount.