Hie follegt, billt net, bäisst net an hannerléisst och keng Souveniren um Tapis: de Roboterhond mam Numm AlphaDog.

Sengem chineeseschen Designer no ass hien de séiersten Roboterhond vun der Welt. Dee mat Sensoren equipéierten Hightech-Mupp fonctionéiert mat kënschtlecher Intelligenz, déi et him erméiglecht, säin Ëmfeld ze "héieren" an ze "gesinn". Et kann ee souguer mat him spadséiere goen.

Obwuel hie weder e Kapp nach e Schwanz huet, "ass hie genee wéi e richtegen Hond", seet de Ma Jie, Technologiechef bei Weilan, der Firma zu Nanjing an Ostchina, déi hannert dem Prototyp stécht. Mat enger Spëtzevitesse vu 15 Stonnekilometer hält den AlphaDog de Weltrekord an der Kategorie "Metalldéier". Hie wier och méi stabil wéi e richtegen Hond, erkläre seng Designer, wärend se him bei der Demonstratioun e kräftegen Trëtt hannebäi ginn.

Am Géigesaz zu engem gewéinleche ferngesteierte Hond beweegt sech der véierbeenege Roboter mat Hëllef vum mobillen Internet 5G. D'Reaktiounszäit wier "ultraséier". "Hien erkennt Reiwung a Buedemniveau, fir esou seng Schrëttgeschwindegkeet unzepassen", erkläert de Ma Jie, wärend de Robo-Mupp lues awer sécher eng Trap eropklëmmt.

Um Verhale vun engem richtegen Hond inspiréiert

De Ma Jie huet zu Oxford eng Technik vu kënschtlecher Intelligenz studéiert, mat där de Roboter duerch Belounung oder Bestrofung "trainéiert" gëtt. Dës Technik huet hie genotzt, fir säi Roboter op Basis vum Verhale vun engem Hond ze trainéieren.

Iwwer 1.800 AlphaDogs goufen den 1. Mount scho verkaaft, dëst fir 16.000 Yuan (2.000 Euro) d'Stéck. "D'Commandë sinn haaptsächlech vu Computerentwéckler, Geeks, awer och vu Kanner komm", seet de Ma Jie.

Zu Peking, wou vill an nei Technologien a besonnesch a kënschtlech Intelligenz investéiert gëtt, si scho Roboter als Päckausliwwerer, Serveuren a Restauranten oder souguer an de Covid-Testzenteren am Asaz. D'Createure vum chineeseche Roboter wëllen hien och als Blannenhond asetzen. Dofir schafft ee grad un der Dialogfunktioun. "Deen Ament wäert hien dann an der Lag sinn, mat behënnerte Persounen ze kommunizéieren a si bei de Supermarché oder op de Busarrêt ze bréngen", seet de Ma Jie. Eng méi grouss Versioun vum AlphaDog kéint och fir d'Inspektioun vun Industriemaschinnen oder Pipelines agesat ginn.

An eng spéider Generatioun vum Roboter kéint da souguer eng Perséinlechkeet nom Goût vu sengem Besëtzer kréien. Schoussmippchen oder Pitbull...