Domat sollen d'User vum Online-Netzwierk beleidegend Direktnoriichten aussortéiere kënnen.

Instagram wäert den neie Mobbing-Filter vun e Mëttwoch un elo mol an Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Irland, Australien, Neuseeland a Kanada fräischalten.

Informatiounen no kënnen Instagram-Notzer domat perséinlech Noriichte vun anere User op eng Rei Frechheeten ("Schimpfwörter") oder Emojien ënnersiche loossen. D'Noriichte lafen dann an e separaten Agank a kënnen Instagram gemellt ginn.

An de Länner, wou den neie Filter agefouert gëtt, hätte "Futtballer an aner Perséinlechkeeten" dacks beleidegend Direktnoriichte kritt, sou déi Instagram-Responsabel Clotilde Briend.

Instagram zielt weltwäit iwwer 1 Milliard Notzer a gehéiert zur Facebook-Grupp. Dem Konzern no kéint eng änlech Funktioun an Zukunft och fir d'Déngschter Messenger a WhatsApp kommen.