Amazon huet an den éischten dräi Méint vun dësem Joer den héchste Milliarde-Benefice a senger Geschicht gemaach, dëst mat 6,7 Milliarden Euro.

Dat ass dräi mol esou vill wéi virun engem Joer. An de Chef Jeff Bezos, elo schonn de räichste Mann vun der Welt, ka sech freeën. Him gehéiert e grousse Pak un Aktien vun Amazon. Den Index vun de Milliardäre vu ''Bloomberg'' schätzt dem Bezos säi Verméigen op 195 Milliarden Dollar.

A gutt zwee Méint gëtt de Jeff Bezos säi Posten awer un den Andy Jassy of, dee bis ewell de Chef vum profitabelem Cloud-Departement vun Amazon war. De Bezos behält als President vum Verwaltungsrot vum Konzern awer vill Afloss.