Dës soll nach am nächste Joer op de Mound geschoss ginn, heescht et vu SpaceX.

Wat genau de Satellit an déi ganz Missioun soll kaschten, gouf awer net verroden. Den Dodge 1, esou den Numm vum Satellit, soll mat enger Falkon-9-Rakéit op de Mound geschoss ginn.

Dës Annonce koum een Dag, nodeem den Elon Musk an der US-Comedy-Show "Saturdy Night Live" de Maartwäert vum Dogecoin zum Astierze bruecht hat. An der Sendung hat hien d'Wärung, déi aktuell e Wäert vu ronn 60 Milliarden Dollar huet, nach als "Vehikel, dat d'Welt eruewere wäert" bezeechent, kuerz drop sot hien, datt Dogecoin d'Leit géif "ofzocken".