LCD Donkeys raume bei internationaler Roboter-Kompetitioun of
Schüler aus dem Dikrecher Kolléisch hunn als éischt Lëtzebuerger Schoul bei der Benelux First Lego League gewonnen.
Déi siwe 4ièmes-Schüler hate sech duerch hir gutt Leeschtung an der Landesmeeschterschaft fir déi international Kompetitioun qualifizéiert. Nieft 37 aneren Ekippe konnte se hiert Kënnen dunn an der online Finall ënner Beweis stellen.
D'Aufgab war fir all d'Ekippen déi selwecht: E Lego-Roboter bauen, programméieren an designen. Fir den online Match misst dësen innerhalb vun 2:30 Minutte souvill Manöveren ewéi méiglech maachen. Ma déi eenzel Manövere konnte sech déi Jonk selwer iwwerleeën an hirer Kreativitéit esou fräie Laf loossen. Mat Succès, wéi sech fir d'LCD Donkeys aus dem Makerspace eraus gestallt huet.
De Makerspace ass eng Optioun am Dikrecher Kolléisch, un där Schüler op fräiwëlleger Basis no der Schoul kënnen deelhuelen. D'Zil ass et, dass d'Schüler ronderëm déi nei Technologie fuersche kënnen, ma awer virun allem och léieren, selbststänneg ze schaffen.