Déi digital Welt gëtt ëmmer méi wichteg an ze wësse wéi een domat ëmgeet, zielt zu enger essentieller Kompetenz am 21. Joerhonnert.

D'Kanner kommen ëmmer méi jonk mat der digitaler Welt a Kontakt. Dofir ass et wichteg, dass si dës Welt net nëmme kenneléieren, mee och verstinn, wéi si sech risikofräi dora beweegen.

Cours "digital sciences" / Reportage Nadine Kremer

Den neie Cours "digital sciences" soll hinne genau dës Kompetenze vermëttelen. Vun der nächster Rentrée u steet en als Pilotprojet op verschiddene Septièmen um Stonneplang.

Déi digital Welt gëtt ëmmer méi wichteg an ze wëssen, wéi een domat ëmgeet, zielt zu enger essentieller Kompetenz am 21. Joerhonnert. Déi Jonk sollen déi digital Welt net nëmme kenneléieren a verstoen, mee och codéieren a programméiere léieren, seet den Educatiounsminister Claude Meisch:

Et ass wichteg, denken ech, dass de Jonken net nëmme spillt, mee dass en och versteet, wéi d'Spiller fonctionéieren. Well och nëmmen da kann e verstoen, wat fir enge Risiken e vläicht dobäi ausgesat ass.

De Cours "digital sciences" baut op sechs Pilieren op: Kommunikatioun mat a vu Maschinnen, den Internet a seng Erausfuerderungen, informatesch Datebanken an hir Gestioun, Roboter an hir Programmatioun, esou wéi artifiziell Intelligenz. Abstrakt Konzepter sollen zum Beispill am 3D virbildlecht ginn.

Fir de Claude Meisch ginn duerch de Cours "digital sciences" besonnesch technesch, mënschlech a kognitiv Kompetenze gefuerdert. Dorënner ziele kritescht Denken, Kreativitéit, Kommunikatioun, Kollaboratioun a Coding:

"An et si virun allem mënschlech Kompetenzen, déi mir hei no vir wëlle stellen. Fir ganz kloer ze maachen, an der digitaler Welt kënnt et nämlech net nëmmen op déi technesch Fäegkeeten un, do mat der Maschinn ze kommunizéieren an ze kucken, dass dat technescht funktionéiert, mee et kënnt virun allem dorop un, de Mënsch staark ze maachen, fir am Ëmgang mat den techneschen Utillen dann och wierklech Här a Meeschter kënnen ze bleiwen."

De Cours baut op de Coding am Cycle 4 an der Grondschoul op. Vum September u gëtt en an 18 Schoulen op der 7e als Pilotprojet lancéiert. 2024 soll e Standard a 7e-, 6e- a 5e-Klassen am ganze Land sinn.

Den Educatiounsministère huet de Projet mat externe Partner ausgeschafft. Dorënner waren och Proffen, wéi de Pierre Weissgerber. De Chimiesproff aus dem Maacher Lycée betount, dass vill Schoule schonn ee Fach "enseignement médias" hätten. Dëse Projet wier komplementar an immens wichteg:

Ech gesinn et bei eis selwer an der Schoul, dass si all Dag déi digital Medie benotzen a sech oft net bewosst sinn, wat se domat alles fir Risiken aginn an awer och wat fir Méiglechkeete se hunn.

De Cours fält an déi 10% Autonomie, déi all Schoul a sengem Stonneplang huet. Vum Ministère ass just virginn, dass en eng Stonn d'Woch enseignéiert gëtt an dass et de selwechte Contenu fir de Classique an de Général ass.

D'Schüler kréien een digitale Pass, deen hiert Wëssen zertifiéiert. Donieft ass de Cours pluridisziplinär a bënnt verschidde Schoulfächer an, sou de Claude Meisch:

Et ass keen Infoscours, do wier et kloer gewiescht, dass et een Infosproff ass. Mee et ass vill méi breet opgestallt, vill méi pluridisziplinär. An et thematiséiert vill ënnerschiddlech Aspekter vun der Digitaliséierung. A vun deem wat se mam Mënsch mécht, mat der Gesellschaft mécht. An dofir brauche mer och ënnerschiddlech Profiller bei den Enseignanten.

De Ministère bitt ee Webinaire un, dee fir d'Proffen, déi de Cours wëllen halen, als Formatioun continue zielt. Fir den éischte Webinaire en Dënschdeg de Mëtteg waren 250 Enseignanten ageschriwwen.