Wien am Internet op der Sich no engem neie Partner ass, deen dierf sech an den USA iwwert en neie "Feature" freeën.

An zwar kann een op Dating-Apps wéi Tinder, Bumble oder Badoo aginn, ob ee seng Corona-Impfung scho krut. Eng Aktioun, déi d'Amerikaner encouragéiere soll, sech vaccinéieren ze loossen. Nieft dem sougenannten Impfsigel kréien d'US-User donieft och e Premium-Upgrade oder gratis "Super-Likes" ugebueden.

Trotz Pandemie sécher daten: Dëst Zil hu sech eng Partie Dating-Apps gesat. An domat komme si der Demande vun de Leit entgéint. Enger Fuerschung vun OkCupid no kréien nämlech Persounen, déi hir Piqûre schonn hannert sech hunn, 14% méi "Matches" wéi Notzer, déi sech net wëllen impfe loossen.

Tinder wëll donieft och e virtuellen Impfzenter mat Informatiounen iwwert Corona-Impfunge lancéieren.

Antëscht kruten an den USA iwwer 160 Milliounen Awunner op d'mannst hir 1. Dosis, méi wéi 126 Millioune Leit si vollstänneg geimpft. D'Zil vun der Biden-Regierung ass et, bis de 4. Juli 70% vun den Erwuessenen an den USA op d'mannst 1 Mol geimpft ze hunn.