En Exo-Skelett hëlleft Rollstull-Patienten erëm ze goen. Zënter kuerzem gëtt esou e Roboter am Rehazenter agesat.

D'Clémentine Bernard ass zënter aacht Joer, wéinst enger Muskelkrankheet, op hire Rollstull ugewisen. Ouni deen, an ouni hire Golden Retriever Rossi, géif si net duerch d'Liewe kommen. Haut steet fir déi 42 Joer al Fra e speziellen Exercice am Rehazenter um Programm. No e puer Preparatioune ka si op eemol erëm opstoen, an esouguer ee Fouss virun deen anere setzen. “Dat erënnert mech u Beweegungen, déi ech scho laang net méi gemaach hunn. Ech ka guer net méi goen. Déi heite Maschinn erméiglecht mir dat erëm. Et ass e bëssen, wéi wa mäi Gehier vergiess hätt, wéi et ass, ze goen. Ech konnt mir guer net méi virstellen, wéi dat ass, an elo spieren ech et erëm.”Dëse Roboter gouf vu Wandercraft, engem franséische Startup, entwéckelt. Et ginn eng ganz Partie där Exo-Roboteren um Marché, mä dëse Modell ass deen eenzegen, wou de Patient sech net mat Krätschen ofstäipe muss. Den Nicolas Simon, dee Wandercraft matgegrënnt huet, erkläert: “Et sinn 12 Motoren, déi all mënschlech Beweegunge vun de Been nomaache kënnen. Eis Maschinn ass vollgestoppt mat Sensoren, déi dausend Mol pro Sekonn ausrechnen, wéi se den Exo-Skelett am Gläichgewiicht halen a wéi se natierlech Beweegunge simuléiere kënnen.”

D'Clémentine Bernard muss bei hiren Übunge permanent vun zwee Kinéë begleet sinn. Fir den Alldag ass dëse Roboter mat sengen 80 Kilo och ze grouss an ze schwéierfälleg. Mä et ass en extrem wichtegt Instrument fir d'Reéducatioun. D'Patiente kënnen a relativ kuerzer Zäit grouss Fortschrëtter maachen, wéi den Dr Thierry Debugne, Neurolog am Rehazenter, betount: “An der klassescher Reha maachen defizitär Patienten eng 50 Schrëtt pro Seance. Mat dësem System komme mir labber op 1.000 Schrëtt pro Seance. Mir kréien also vill méi an der selwechter Zäit geschafft.”

Mä dës wichteg Technik kascht. 170.000 Euro fir dëse Modell. Finanzéiert gouf den Exo-Skelett awer net aus ëffentleche Mëttel, mä vun der Fondatioun Wonschstär. De Rehazenter, deen dëse Roboter geschenkt krut, wëllt d’Maschinn awer net nëmme fir déi eege Patienten asetzen, mä wëllt dës Technologie och anere Mënschen zur Verfügung stellen, esou de Generaldirekter Dr Gaston Schütz.

Fir dat z'erméiglechen, muss awer fir d'éischt de Finanzement vun esou Seancë gekläert ginn. A vereenzelte Länner kommen d'Krankekeesen oder d'Fleegeversécherungen dofir op. Lëtzebuerg gehéiert net dozou. D’Presidentin vun der Fondatioun Wonschstär, d’Viviane Vermeer, wëllt et dowéinst net beim Finanzement vum Exo-Skelett beloossen, mä wëllt sech dofir engagéieren, dass d’Käschten och hei am Land vun den zoustännegen Assurancen iwwerholl ginn.