De chineseschen Telekommunikatiounsris ass an der Lescht duerch déi grouss Konkurrenz aus den USA ëmmer méi ënner Drock geroden.

Elo huet Huawei mat HarmonyOS en eegene Betribssystem entwéckelt. Dësen neie System soll d'Firma mat Sëtz zu Shenzhen nees no vir bréngen.

HarmonyOS hätt e spezielle Betribssystem entwéckelt, deem seng Mierkmoler dat sinn, wat deene vu Android an iOS feelt.

Deemno hätten d'Usere vun Handye mat HarmonyOS an Zukunft d'Méiglechkeet, op Donnéeën, Dokumenter an aner Inhalter zeréckzegräifen, déi op Computeren oder anere Geräter drop sinn.

Huawei steet wéinst dem Handelssträit mat den USA zanter 2019 op enger schwaarzer Lëscht, well d'USA der chinesescher Firma Wirtschaftsspionage virwerfen. Amerikanesch Firmen dierfen dofir keng Geschäfter mat Huawei maachen.