2025 soll den éischte Fliger fäerdeg sinn, 2026 eng éischte Kéier getest ginn an 2029 dann iwwer den Atlantik, klimaneutral, fléien.

Iwwerschall-Fligere gëtt et nom Enn vun der Concorde net méi an der Aviatioun. Elo huet awer United Airlines 15 Iwwerschall-Maschinne bei enger amerikanescher Start-up mam Numm "Boom Supersonic" bestallt, plus eng Optioun geholl fir 35 weider Fligeren.

D’Maschinne sinn awer nach an der Entwécklung.

2025 soll den éischte Fliger fäerdeg sinn, 2026 eng éischte Kéier getest ginn an 2029 dann iwwer den Atlantik – klimaneutral - fléien.

4 Stonnen kéint et dann daueren eriwwer op New York zum Beispill.

D’Concorde ass 2003 eng leschte Kéier geflunn.