Fir eng gewëssen Zäit waren en Dënschdeg ënnert anerem d'Internetsäite vum Wäissen Haus oder der brittescher Regierung net erreechbar.

Och bekannte Medienhaiser wéi "Le Monde", "New York Times", "Financial Times", "Guardian" a "BBC" ware betraff. Géint d'Mëttesstonn goufen nämlech d'Feelermeldungen "Error 503 Service Unavailable" oder "connection failure" ugewisen, amplaz de Contenu vun de Websäiten. Verschiddener vun hinnen hunn no enger Stonn awer nees funktionéiert.

Ausserdeem hu sech en Dënschdeg eng Abberzuel User vun Amazon, Spotify, Paypal, Twitter, Pinterest & Co beschwéiert, dass et ënnert anerem Stéierunge beim Login gi wieren.

D'Ursaach vun dëser gréisserer Pann war ugangs nach onkloer. Am Laf vum Mëtteg huet de Cloud-Computing-Ubidder Fastly erkläert, dass een de Problem identifizéiert a behuewen hätt.