Am Kader vun der Worldwide Developers Conference huet Apple hiren neie Betribssystem virgestallt. Eng Partie Ännerunge wäerten op d'User duerkommen.

Allerdéngs wäert net all iPhone-Modell vun den Updatë profitéiere kënnen. Just Proprietäre vun engem iPhone 6s a méi neie Smartphonë vum US-Konzern kënnen iOS 15 am Hierscht eroflueden. Ma och wann d'Generatioune 6s a 7 ënnerstëtzt ginn, kann net garantéiert ginn, dass alleguerten déi nei Features wäerte funktionéieren. Grond ass déi méi schwaach Hardware vun deenen eeleren iPhonen.

Eng éischt Ännerung betrëfft Facetime. Ënnert anerem suergt de Mikro-Modus dofir, dass d'Stëmme vun de Leit besser vun den Hannergrondgeräischer kënnen ënnerscheet ginn. Donieft kann an Zukunft änlech wéi scho bei aneren Ubidder agestallt ginn, ob den Hannergrond soll kloer z'erkenne sinn oder just d'Persoun.

Am Shareplay kann ee mat Frënn oder der Famill iwwer Facetime zesumme Musek lauschteren oder Filmer kucken. Appe wéi TikTok, Twitch oder Disney+ hunn iwwerdeems schonn annoncéiert, dës Funktioun z'ënnerstëtzen.

Ganz nei ass och de Fokus. Wie sech dacks a liicht oflenke léisst, dee kéint vun dësem Feature Gebrauch maachen. D'Konfiguratioun vun Apple kann iwwerholl ginn oder et definéiert ee säi Fokus selwer. Wëll soen: User entscheeden, wéi eng Persounen an Appen hinne Message schécken dierfen a wien net. Ausserdeem kann och den Zäitpunkt erausgesicht ginn, wéini keng Noriichte bei engem sollen ukommen. Den Ofsender kritt an deem Fall an der App ugewisen, dass een temporär net erreechbar ass.

Och um Home-Bildschierm gëtt et eng Ännerung. An Zukunft gëtt nieft dem Numm och eng Foto vun där Persoun ugewisen, déi engem geschriwwen huet.

Interessant dierft och nom Update d'Spotlight-Sich sinn. Dës erkennt nämlech Texter an handgeschriwwe Messagen an Nummeren op Fotoen. Wien zum Beispill d'Telefonsnummer vu sengem Liblingsrestaurant op e Post-it notéiert an déi da fotograféiert, kann esou am Lokal uruffen, ouni d'Nummer manuell anzeginn.

Net ze vergiessen den Dateschutz. Mam App Privacy Report kënnen Notzer zum Beispill kucken, wéi eng Appe bannent de leschte 7 Deeg op Fotoen, d'Kamera, de Mikro oder d'Kontakter zeréckgegraff hunn. Donieft goufen och d'Wieder-App, Safari, d'Kaarten an d'Health App iwwerschafft. An och de gratis iCloud-Späicher wäert vergréissert ginn. De User stinn deemno iwwer 5 GB zur Verfügung, wa si Donnéeën op en neien iPhone iwwerdroe wëllen.