No enger Cyberattack um Freideg fuerderen d'Hacker am Darknet 70 Milliounen Dollar a Bitcoin.

Si schreiwen, datt si Millioune Systemer manipuléiert hunn. Wa si bezuelt ginn, géife si eng Entschlësselungssoftware online stellen.

Eng Dausend Betriber solle betraff sinn an der ganzer Welt.

Een Affer ass déi schweedesch Supermarché-Chaîne Coop. D'Keessesystemer vun enger 800 Filiale si betraff an d'Butteker alleguerten zou.