En Dënschdeg huet Google nei Moossnamen virgestallt, fir Kanner am Internet besser ze schützen. Sou solle Videoe vu Mannerjäreger privat bleiwe kënnen.

Awer och Annoncen an d'Pub soll op d'Notzer ënner 18 Joer ugepasst ginn.

Op Google solle Notzer, déi mannerjäreg sinn, just nach eng "sécher Sich" duerchféiere kënnen. Do gi sensibel oder pornografesch Contenuen ausgeschloss.
Zousätzlech soll och de Standuertverlaf vu Mannerjäregen weltwäit desaktivéiert ginn, dat ouni d'Méiglechkeet dëse rëm ze aktivéieren. Bis ewell war dat just fir Notzer ënner 13 Joer de Fall.

Dës nei Funktioune wieren immens wichteg an enger Zäit, wou Kanner a Jugendlecher ëmmer méi am Internet ënnerwee sinn. Grat dowéinst géif ee sech Gedanke maachen, wéi ee si am beschte schütze kann, sou d'Mindy Brooks, Direktesch vu Google Product and User Experience.

Déi nei Moossname betreffen d'Youtube-Videoplattform vu Google, souwéi den Online-Déngscht. Dozou gehéieren d'Sich-Funktioun an de Google Assistant.

Google wëll de jonken Internetnotzer mat de neie Funktiounen hëllefen, besser Entscheedungen iwwert hiren Online-Foussofdrock an hir digital Privatsphär ze treffen.