Iwwert eng Milliard Notzer weltwäit solle Schätzungen no d'App op hirem Smartphone oder engem aneren Apparat installéiert hunn.

2019 nach op Plaz 4, mëttlerweil Spëtzereider am Ranking vun den Appen, déi weltwäit am heefegsten erofgeluede goufen. Virun allem bei Kanner a Jugendleche kënnt TikTok gutt un an huet sech géint d'Konkurrenz Facebook, Messenger a WhatsApp behaapt. Dëst deelt d'App "Annie" mat, déi spezialiséiert ass op d'Maartfuerschung.

De fréieren US-President Trump hat wärend senger Amtszäit nach versicht, TikTok vum US-Marché ze verbannen. Als Grond huet hien déi national Sécherheet genannt. Den Joe Biden hat iwwerdeems just eng allgemeng Iwwerpréiwung vun de Sécherheetsrisiken duerch auslännesch Internet-Déngschter ordonéiert.

Videoe vun enger Längt vun 3 Minutte kënnen op TikTok eropgeluede ginn. Der Kreativitéit ginn do keng Grenze gesat.