De Roboter, dee verschidde repetitiv a "langweileg" Aufgabe soll kënnen erfëllen, géing mat der selwechter Technologie entwéckelt ginn ewéi den Tesla-Auto.

De Boss vun Tesla Elon Musk huet de Projet dëse Freideg presentéiert. D’nächst Joer soll et een éischte Prototyp ginn. De Milliardär huet gegeckst, d’Leit solle keng Angscht hunn: De Roboter wier physesch esou entwéckelt, datt ee virun him kéint fortlafen.

Dem Elon Musk no wier seng Firma déi gréisst Robotik-Firma op der Welt. Hie gleeft un de Risiko, datt d’kënschtlech Intelligenz eng Konkurrenz zur mënschlecher Zivilisatioun kéint sinn, mee hofft mat Neuralink, enger Verbindung tëscht Mënschen a Computeren, d’Mënschen an d’Technologien zesumme kënne funktionéieren.