En Dënschdeg gouf am südkoreanesche Parlament e Gesetz gestëmmt, datt Apple a Google de Notzer an Entwéckler keng Bezuelmethod virschreiwe kënnen.

Och d'USA an d'Europäesch Unioun kritiséieren d'Reegele vun den Online-Giganten. Dës loossen op hire mobillen Apparater nëmmen Downloads vun Apps a Spiller aus dem eegene Store zou. Och als Bezuelmethod schreiwe si de Notzer en eegene System vir.

D'Gesetz fir d'Begrenzung vun hirer Muecht um Marché gouf en Dënschdeg mat 180 Stëmmen unanime ugeholl. D'Notzer kënnen an Zukunft selwer wielen, wéi si eng App oder e Spill bezuelen.

RTL

© Apple Inc./AFP/Archiv/Brooks Kraft

Apple a Google verteidegen d'Reegele fir hir "Storen" als gerechtfäerdegt. Dës garantéiere sécher Akeef fir d'Notzer an d'Entwéckler. Wéi Apple en Dënschdeg am Interview der AFP géigeniwwer erkläert, kéint dat südkoreanescht Gesetz d'Notzer dem Risiko vu Bedruch aussetzen an den Dateschutz sou wéi déi elterlech Kontroll reduzéieren. Apple geet dovun aus, datt duerch dat neit Gesetz d'Vertraue vun de Keefer ofhëlt.