Well WhatsApp seng Notzer net genuch iwwer d'Verwendung vun hiren Daten informéiert, musse si elo eng Geldstrof bezuelen.

Nodeems europäesch Autoritéiten eng Erhéijung vun der ursprénglecher Strof gefuerdert haten, huet Irland en Donneschdeg eng Geldstrof vun 225 Milliounen Euro géint de Messengerdéngscht verhänkt.

Et handelt sech ëm déi éischte bekannte Milliounen-Strof an Irland, wou Europazentralen vun enger ganzer Rëtsch Internet-Entreprisen fungéieren.

WhatsApp hätt net kloer duergeluecht, wéi eng Daten zu wéi engen Zwecker veraarbecht ginn. Och d'Verbreedung vun Handysnummere gouf vun den Dateschützer monéiert. D'Firma hätt hier Dateschutzerklärung nom Ufank vun der Enquête iwwerschafft.