Et wier nëmmen e geschäftlechen Akt a Faveur vun enger Entreprise, wann en Influencer dofir eng Géigeleeschtung kritt.

En Donneschdeg huet de "Bundesgeriichtshaff" zu Karlsruhe an dräi Fäll geurteelt, dass et nëmme "Schleichwerbung" wier, wann de Post "iwwerdriwwe kommerziell" wier oder d'Influencer eng Remuneratioun dofir kréichen.

De "Verband Sozialer Wettbewerb" hat géint déi dräi Influencer geklot, awer nëmmen an engem Fall Recht krut. Doropshin ass de Verband an Appell géint déi aner zwou Affäre gaangen.

D'Influencerin Luisa-Maxime Huss war géint dat Urteel och viru Geriicht gaangen. D'Luisa-Maxime, deem seng Posts sech ëm Sport a Fitness dréien, hat op Instagram Reklamm fir een Hammbiersgebeess gemaach. Dofir huet hat een "Taptag" benotzt, bei deem den Numm vun der Entreprise optaucht, wann een drop klickt. Iwwer dës Funktioun konnt een dann och direkt op d'Profil vun der Firma kommen.

Well d'Influencerin fir dëse Post eng Géigeleeschtung krut, géif dëst e geschäftlechen Akt a Faveur vu senger Entreprise an där vum Gebeess duerstellen. De Bäitrag wier ausserdeem net däitlech als Reklamm gezeechent gewiescht an hätt d'Konsumenten zu enger geschäftlecher Decisioun beweege kënnen. Anescht hätten d'Notzer vläicht net op d'Profil vun der Firma geklickt.

D'Geriicht hat awer och decidéiert, dass en "Taptag" net duer géif goen. D'Referenz op d'Entreprise géif allerdéngs e "kommerziellen Iwwerschoss" duerstellen. An den Affäre vun den Influencer Cathy Hummels a Leonie Hanne huet d'Geriicht decidéiert, dass d'Posts keng "Schleichwerbung" wieren, well si dofir keng Remuneratioun kruten.

De Gerant vun der Digitalfederatioun "Bitkom" Bernhard Rohleder erkläert dozou, dass "déi haut getraffen Decisiounen zu méi Rechtssécherheet bäidroen a suerge gläichzäiteg fir méi Transparenz fir Follower".