Twitter kënnegt eng Funktioun un, déi et Profiller erméiglecht, sech selwer als "Bot" z'identifizéieren, andeems se hirem Kont eng Markéierung bäifügen.

De Begrëff "Bot" leet sech vum englesche Wuert "robot" of an ass ee Computerprogramm, dee gréisstendeels automatesch Aufgaben opschafft, ouni datt en op ee mënschlechen Notzer zeréckgräift.

Den Update géif op Enquête baséieren, déi erausfonnt hunn, datt d'Notzer sech méi Informatiounen iwwert déi "net-mënschlech Konten" wënschen, sot Twitter.

D'Boîte huet e puer Beispiller fir "gutt Bots" genannt. Ënnert anerem si Profiller drënner, déi Updaten zu Impfungen, Informatiounen iwwer "seismesch" Aktivitéiten oder Material vun ëffentleche Muséeën deelen.

D'Funktioun wier zwar net obligatoresch, ma Twitter géif awer weiderhin net authentesch Konte läschen, déi géint d'Reegele vun der Plattform verstoussen. "Bots" ginn oft mat Feelinformatiounen op de soziale Medien a Verbindung bruecht. Esou huet eng Etüd erginn, datt bal d'Hallschent vun den Twitter-Konten, déi Noriichten iwwer d'Pandemie verbreet hunn, warscheinlech automatiséiert Profiller waren.

Verschidde Profiller ginn awer vun Twitter als "positiv" fir d'Plattform ugesinn. Ee Benotzerkont, deen als "gudde Bot" genannt gëtt, twittert ëmmer live, wann et zu San Francisco een Äerdbiewe gëtt. Een aneren twittert iwwer Konschtwierker aus dem New Yorker Metropolitan Musée.

Twitter hat d'Funktioun eng éischte Kéier am Mee virgestallt, fir datt et hiren Notzer méiglech wier, automatesch Konte vu Profiller ze ënnerscheeden, déi vu Mënsche benotzt ginn. Déi nei Funktioun soll d'Vertrauen erhéijen an d'Transparenz bei den Notzer stäerken.

Et wier awer nach net gewosst wéi vill Profiller d'Funktioun notze wäerten an ob d'Besëtzer vun esou Konten iwwerhaapt wéilten, datt d'Notzer si als "Bot" erkennen.