Duerch ee Feeler an der Software vun Apple, konnt déi israelesch Firma "NSO Group" hir Spionagesoftware "Pegasus" op den Telefonen installéieren.

Apple huet hir Notzer en Dënschdeg opgefuerdert, hir Apparater ze aktualiséieren, nodeems d'Tech-Firma ee Softwarefeeler behuewen huet, duerch deen d'Spionagesoftware "Pegasus" ouni ze klicken um Handy installéiert konnt ginn.

D'Sécherheetsexperte fir Cyberkriminalitéit vun "Citizen Lab" zu Toronto hunn de Feeler entdeckt, wéi si en Telefon vun engem saudeschen Aktivist analyséiert hunn. D'Persoun soll zu den Zéngdausende gehéieren, déi warscheinlech mat der "Pegasus-Software" ofgelauschtert gi sinn. D'Software, déi an Israel entwéckelt ginn ass, soll weltwäit agesat gi sinn, fir d'Kommunikatioun vun Aktivisten, Journalisten an esouguer Staatscheffen ofzelauschteren.

Apple huet e Méindeg matgedeelt, datt si "séier" ee Software-Update entwéckelt hätten, nodeems "Citizen Lab" si de 7. September op d'Lacune an hirer "iMessage-Software" opmierksam gemaach haten.

"Esou Attacke si gewëtzt, kaschte Millioune vun Dollar an der Entwécklung, hunn dacks eng kuerz Liewensdauer a gi benotzt, fir spezifesch Persounen unzegräifen", dat huet Apple erkläert. "Citizen Lab" réit dozou, all Apple-Apparater direkt ze aktualiséieren.