Apple huet en Dënschdeg hir neiste Produite virgestallt, dorënner och eng nei Generatioun vum iPhone.

Virop huet den Tim Cook iwwerraschend direkt den neien iPad ugeschwat mat engem A13-Chip an 13 Prozent méi Leeschtung. Domat stellt e sämtlech aner Modeller vun der Konkurrenz an de Schied. Och bei de Kamera gëtt et en Upgrade mat enger Ultrawide-Kamera mat 12 Megapixel. De Präis fir den neien iPad, dee mat iPadOS 15 ausgeliwwert gëtt, läit bei 379 Euro fir 64 GB Späicher. Et gëtt en am Space Gray a Sëlwer.

Och den iPad mini krut en Upgrade mat 30 Prozent méi Leeschtung an engem USB-C-Uschloss. Doduerch kënne vill extern Apparater ugeschloss ginn. Donieft kënnt den iPad mini lo mat 5G an d'Kamerae funktionéiere besser. Dat Ganzt fir 549 Euro.

Eriwwer bei déi nei Apple Watch Series 7 mat engem Screen, deen 20 Prozent méi Plaz ubitt. De Bord ass dofir méi schmuel ginn, d'Dimensioun vun der Auer ännert sech doduerch awer kaum, se ass dofir awer méi ofgeronnt ginn. D'Auer soll immens robust sinn an d'Batterie de ganzen Dag halen, woubäi se ronn 33 Prozent méi séier opgeluede ka ginn. Et gëtt se a 5 Faarwen a kascht 400 Dollar (den Euro-Präis gouf net ugewisen).

An du koum, wat laang spekuléiert gouf, den neien iPhone 13, ze kréien a 5 Faarwen. Den Design gouf bäibehalen a just liicht verbessert. Nees mat dobäi IP68 an d'Lënse vun der Kamera sinn elo diagonal.

Beim Bau vum iPhone 13 huet Apple vill recycléierbar Materialie benotzt, mat Plaz fir eng grouss Batterie. An trotz dem Flopp vum iPhone mini, gëtt et awer och en iPhone 13 mini.

Den neie iPhone 13 kënnt mat engem A15-Chip, dee méi effizient ass a méi Leeschtung bréngt. 50 Prozent méi séier wéi d'Konkurrenz, sou Apple eegenen Aussoen no.

D'Kamera vum iPhone 13 soll duerch eng Wide-Kamera an engem méi grousse Sensor méi Liicht opfänken a besser Biller liwweren. Dobäi setzt Apple weider op 12 Megapixel an doduerch soll och den Night Modus besser funktionéieren.

Duerch en neie Fokus-Feature gouf de Videomodus verbessert, mat deem sech filmesch Zeenen afänke loossen. De Cinematic-Mode soll "kannerliicht" ze benotze sinn, mat engem automatesche Fokus.

D'Batterie soll donieft och besser sinn trotz neie Features. Beim iPhone 13 mini versprécht Apple 1,5 Stonne méi Akku wéi beim 12 mini. 2,5 Stonne sollen et beim iPhone 13 am Verglach zum Virgänger sinn.

De iPhone 13 mini gëtt a 4 Variante fir 799 Euro ugebueden, den iPhone 13 fänkt dogéint bei 899 Euro un. Dee klenge Modell soll dobäi mat 128 Gigabyte Späicher geliwwert ginn. Wie méi brauch, muss och méi déif an d'Täsch gräifen. Fir d'1-TB-Versioun vum iPhone 13 Pro Max muss een zum Beispill 1.829 Euro bezuelen.

Stéchwuert Pro-Line-Up. Den iPhone 13 Pro gouf eng alleréischte Kéier gewisen. Ze kréien a 4 Faarwen: Graphit, Gold, Sëlwer a Sierra Blue. Och hei gouf den A15-Chip agebaut, et gouf awer op e 5-Kär-GPU gesat amplaz op ee 4-Kär, wéi beim normalen iPhone 13 a mini.

Am 6,1 Zoll a 6,7 Zoll steet den iPhone Pro zur Auswiel, mat enger Ultrawäitwénkel-, Haapt- an Telephotokamera. Ouni Makrokamera soll d'Kamera op Distanze bis zu 2 Zentimeter fokusséiere kënnen an den Night Modus ënnerstëtzen.

Op Niveau vun der Software gouf et Verbesserungen. Sou soll an Echtzäit 4 verschidde Stiler op de Fotoe kënnen ugewannt ginn, ier se iwwerhaapt geknipst gouf. Dës Stiler loosse sech no eegene Wënsch upassen. Dëse Feature soll och um normalen iPhone 13 zur Verfügung stoen.

Och hei gëtt nach emol de Cinematic-Mode ernimmt.

De Pro-Modell huet eng méi grouss Batterie wéi aner Modeller. Apple versprécht hei fir den iPhone Pro 13 1,5 Stonne méi wéi beim iPhone Pro 12 a fir den iPhone Pro Max 13 2,5 Stonne méi wéi säi Virgänger.

Den iPhone Pro start bei 1.149 Euro an den iPhone 13 Pro Max bei 1.249 Euro. An nach dëst Joer gëtt et eng 1 Terrabyte-Versioun, vum 17. September un per Virbestellung.