Ganz ënnert dem Motto "passion for impact" war e Mëttwoch déi 3. Editioun vum Tech Day vum "Luxembourg Institute of Science and Technology" (LIST).

300 Leit waren op der Plaz an der "Maison des Arts et Etudiants" um Belval a méi ewéi 100 Persounen hunn iwwert déi virtuell Plattform vum LIST matgemaach.

Virun der Presentatioun vun 8 technologeschen Innovatiounen, hunn eng Rëtsch national an international Riedner d'Bün betrueden. De Generaldirekter vum LIST, den Thomas Kallsteni, huet dorop higewisen, datt d'Programmer an d'Perspektive sech zanter deem leschten Tech Day virun 2 Joer staark verännert hunn. "Haut huet de LIST bal 650 Mataarbechter an eng lieweg Studentegemeinschaft. Mir féieren 130 Projeten duerch, dorënner 110 national Initiativen, mir hu vill Patenter ugemellt a vill Artikele geschriwwen, awer ouni eis Partner hätte mir dat net gepackt."

De Marc Serres, Generaldirekter vun der "Luxembourg Space Agency" (LSA) huet iwwer d'Zesummenaarbecht vun der LSA mam LIST geschwat. Ënnert anerem schafft d'LSA mam Europäeschen Innovatiounszenter fir Weltraumressourcen (ESRIC) vum LIST zesummen. Zil ass et, aus dem ESRIC een international unerkannten Zenter fir Fachwëssen am Beräich vu Weltraumressourcen ze maachen.

No de Riede goufen dann d'Technologie vum LIST presentéiert, zesumme mat weider Virträg vun Experten an hire Beräicher.