Déi englesch Stad ass bekannt fir Rond-pointen a Statue vu Kéi aus Bëton. Ma zanter engem Joer fiert hei eng Arméi vu Roboter, déi Akeef ausliwweren.

D'Gefierer, déi sechs Rieder hunn, automatesch fueren a virun dräi Joer agefouert gi sinn, falen den Awunner haut bal net méi op. Antëscht fueren 200 Stéck duerch Milton Keynes. A fënnef aner Uertschaften am Land solle ganzer 500 Stéck am Asaz sinn.

De Bedreiwer vun de Roboter no sinn déi wäiss Maschinnen an den Asaz komm, wéi de Coronavirus a Groussbritannien ukomm war. "Wärend der Pandemie huet jiddereen eng Liwwerung ouni Kontakt gebraucht", esou den Andrew Curtis vun "Starship Technologies". D'US-Entreprise huet d'Liwwerungen a Groussbritannien vervéierfacht. All Dag ginn 1.000 Liwwerungen eraus.

Déi automatesch Liwwermaschinne sinn 2014 vun de Skype-Grënner entwéckelt ginn. D'Roboter si mat Kameraen, Sensoren a mat engem haarden Alarm ekipéiert a fueren zu 99 Prozent autonom. Esou bal e Mataarbechter vun engem Supermarché d'Tut mat den Akeef an de Roboter leet, mécht dësen den Deckel zou a fiert direkt eraus. Se sinn och esou programméiert, datt se mierken, wann eppes wéi en Auto an hire Wee kënnt. Falls e Gefier géif hänke bleiwen, kënnen d'Bedreiwer d'Kontroll iwwerhuelen. Wann de Wee fräi ass, kënne se eng Vitess vu maximal sechs Kilometer an der Stonn erreechen a kommen esou a manner wéi enger Stonn bei de Clienten un.

Ma d'Roboter sinn net nëmme confortabel, mä och ëmweltfrëndlech: 70 Prozent vun de Clientë verzichten op den Auto a loosse sech hir Akeef vun engem Roboter liwweren. Bestelle kann een iwwert eng App, déi vu "Starship" entwéckelt gouf.

Och an den USA, Estland an Dänemark gräifen d'Leit op dës Method zréck. Zu Hamburg sinn d'Roboter viru véier Joer an enger Testphas duerch d'Stad gefuer.